Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ukrain kritt weider militäresch Hëllef vun USA an Däitschland

Krich an der Ukrain

Ukrain kritt weider militäresch Hëllef vun USA an Däitschland

D‘Ukrain krut weider militäresch Hëllefe vun den USA a vun Däitschland zougesot. Den US-President Joe Biden wier bereet, der Ukrain een zweete Patriot-Ofwier-System zur Verfügung ze stellen, sou d‘New York Times.

auto_stories

1 min

© picture alliance / HMB Media | Uwe Koch
Foto: picture alliance / HMB Media | Uwe Koch

Eng weider 100 Rakéite fir de Patriot-Ofwier-System solle vun Däitschland geliwwert ginn. Dat huet den däitsche Verdeedegungsministère matgedeelt.

Den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg huet iwwerdeems an engem Interview mat der däitscher Presseagence gesot, d‘Ukrain misst laangfristeg Hëllef vun den NATO-Member Länner garantéiert kréien. 40 Milliarden Euro d‘Joer wieren néideg, sou den NATO-Chef.

Zu Berlin ass den zweeten a leschten Dag vun der Konferenz fir den Erëm-Opbau vun der Ukrain.