Den US-amerikanesche President Donald Trump kritiséiert déi angeeblech Attack op eng Residenz vum russesche President Wladimir Putin. “Dat wier net gutt” sot den Trump, nodeems hie confirméiert vum Putin doriwwer informéiert ginn ze sinn.
Moskau wëllt Positioun zu Verhandlungen “iwwerdenken”
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet all Uschëllegungen dementéiert. Et wier nëmmen e Virwand, fir de Krich weiderzeféieren a Regierungsgebaier zu Kiew unzegräifen.
Elo wëllt Russland seng Positioun bei de Verhandlungen zu engem Enn vum Krich iwwerdenken, heescht et aus Kiew.
Russesch Medie mellen, datt et ëm d’Waldai-Residenz geet, déi am Nowgorod Gebidd tëschent Moskau a St. Petersburg läit. Do géif de Putin seng Weekender mat der Famill verbréngen.
Morddrohungen
De fréiere russesche Staatschef Dmitri Medwedew huet dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj an engem Telegram-Message mam Doud gedreet. Dat well de Selenskyj a senger Chrëschtdaagsusprooch “engem Mënsch” – warscheinlech dem Kremlchef Putin – den Doud gewënscht hätt, esou schreift den Dmitri Medwedew op russesch a sengem Post.
“Jidderengem ass kloer, datt hien net nëmmen engem Mënsch den Doud wënscht, mee eis all an eisem Land” behaapt de mëttlerweil Vizechef vum russesche Sécherheetsrot. Hie geet nach e Schrëtt méi wäit a schreift, datt een déi konservéiert Läich vum Selenskyj an der Konschtkummer zu St. Petersburg soll ausstellen.
Den ukrainesche President hat a senger Usprooch op Hellegowend gesot, wann all Ukrainer fir sech e Wonsch hätt, wier datt wuel “datt hie stierft”. Hien huet keen Numm genannt, mee aus dem Kontext wier ze schléissen, datt et dobäi ëm de Putin géif goen, esou däitsch Medien. Weider huet et geheescht: “Mee wa mir eis u Gott riichten, da biede mir natierlech fir méi. Mir biede fir Fridden an der Ukrain.”