Bei engem ukraineschen Dronenugrëff an der Hafestad Temrjuk am Süde vu Russland sinn Äerdueleg-Tanker a Brand geroden. D’Feier huet sech an der Stad op 2.000 Quadratmeter ausgebreet.
D’Ukrain viséiert domat strategesch Ziler. Net nëmme wëllt een d’Reserven zerstéieren, ma et wëllt een och d’Suen aus dem Verkaf reduzéieren.
De russeschen Defenseministère mellt, datt déi russesch Loftofwier 141 ukrainesch Dronen ofgefaangen an zerstéiert hätt. Besonnesch betraff wier d’Regioun Brjansk bei der ukrainescher Grenz.
D’Ukrain wiert sech zënter bal véier Joer géint de russeschen Aggressiounskrich. Russland verursaacht bei Wäitem méi schlëmm Schied mat sengen Dronen- a Rakéitenugrëffer, wéi ëmgedréint.