arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ukrain, USA, Russland: Éischt Gespréicher zu dräi ëm territorial Froen

Krich an der Ukrain

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Ukrain, USA, Russland: Éischt Gespréicher zu dräi ëm territorial Froen

D’Ukrain, Russland an d’USA sollen sech haut, Freideg, fir éischt trilateral Friddensgespréicher zu Abu Dhabi gesinn. Dat huet de Kreml no enger Entrevue vum russesche President an dem US-Spezialemissär confirméiert. Den ukrainesche President hat d’Gespréicher Donneschdegowend schonn ugekënnegt.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Fotomontage: Trump, Selenskyj a Putin | © picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine
Fotomontage: Trump, Selenskyj a Putin (Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine)

Et wieren déi éischt trilateral Friddensgespréicher zënter dem Ufank vum Ukrain-Krich am Februar 2022. Wéini genee d‘Vertrieder vun der Ukrain, Russland an den USA sech zu Abu Dhabi gesi wäerten ass awer nach net gewosst. Och iwwert de Contenu vun den Diskussiounen ass bis ewell net vill bekannt.

Den ukrainesche President Wolodomyr Selsenskyi huet awer um Freidegmoien an enger WhatsApp-Grupp géintiwwer de Medien ugekënnegt, datt ënner anerem territorial Froe solle gekläert ginn.

Grouss Fro, wien den Donbass kritt

Virop géif et ëm den Donbass goen, eng vun den ëmkämpfste Regiounen am Krich. Dat melle verschidden international Medien.

De Kreml huet sengersäits gefuerdert, datt d’ukrainesch Truppe sech aus dem Donbass missten zréckzéien. Dat wier eng néideg Konditioun fir dass de Konflikt kéint gereegelt ginn, esou de Kremlspriecher Dmitri Peskov.

Selenskyj prett, Accord ze ënnerschreiwen

Am Virfeld vun den trilaterale Gespréicher zu Abu Dhabi hat den ukrainesche President Selenskyi sech och mam US-President Donald Trump getraff. Um Bord vum Weltwirtschaftsforum zu Davos an der Schwäiz war et ënner anerem ëm weider Sécherheetsgarantië fir d’Ukrain gaangen.

Den Donneschdegmoie sot den ukrainesche President géintiwwer de Medien, hie wier prett fir en Accord ze ënnerschreiwen. Hie géing just nach op den Donald Trump waarden.

Attacke gi virun

Wärend d’Vertrieder vun den USA, Russland an der Ukrain sech haut solle gesinn, fir eng diplomatesch Léisung ze fannen, ginn d’Attacke weider. Esou hat et och de Juri Uschakow, aussepolitesche Beroder vum Wladimir Putin no de Gespréicher am Kreml ugekënnegt.

Wéi de Parquet vun Donetsk matdeelt wiere bei engem Dronenugrëff am Oste vun der Ukrain op d‘mannst 4 Leit ëm d’Liewe komm. Fënnef weider Mënsche goufe bei der Attack verwonnt.

 

play_arrow Lauschteren