D'Nouvelle kënnt no staarker Kritik un engem Gesetz, dat virgesäit, dem nationalen Antikorrutiounsbüro dem Parquet ze ënnerleeën.
Den neie Projet de loi soll gläichzäiteg d’Justiz- a Sécherheetsstrukture stäerken a si géint "russesch Aflëss oder Amëschungen" schützen, esou de Wolodymyr Selenskyj op der Plattform X.
De Gesetzestext soll nach um Donneschdeg dem ukrainesche Parlament virgeluecht ginn. Weider Detailer huet den ukrainesche President nach net bekannt ginn.