Ee weidert Engagement an der UN-Kulturorganisatioun wier net am nationalen Interessi vun den USA, heescht et aus dem US-Ausseministère. D’Trump-Regierung schwätzt weider vun enger anti-israeelescher Rhetorik vun der UNESCO.
USA Washington Kapitol (Foto: Bigstock / rarrarorro)
Et hätt ee sech op dës Decisioun preparéiert, esou d’Direktesch vun der UNESCO an engem Schreiwes.
Eréischt a senger leschter Amtszäit (2018) huet den Donald Trump decidéiert, aus der UNESCO auszetrieden, an huet der Organisatioun eng anti-israeelesch Haltung reprochéiert.
Ënnert dem Joe Biden waren d’USA 2023 dann nees bäigetrueden.