Et kéint een net einfach esou an engem anere Land ugräifen. D‘USA haten e puer mol kloer gemaach dat déi israeelesch Attack op de Qatar géif kritesch gesi ginn. Dobäi ware fënnef Member vun der Hamas ëm d‘Liewe komm. De Qatar dee sech ëmmer nees als Verhandlungspartner ugebueden huet hat virdru gewarnt bei Israel am Géigenzuch zu anere Staaten alles duerch goen ze loossen.
Iwwerdeems gëtt den US-Ausseminister Marco Rubio haut fir eng Visitt an Israel erwaart. Et wier e Besuch bei gudde Frënn, esou de Rubio.