arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ USA iwwerwaachen ee weidert venezuelanescht Pëtrolsschëff

Venezuela

|
headphones

1 min

USA iwwerwaachen ee weidert venezuelanescht Pëtrolsschëff

Déi amerikanesch Küsteniwwerwaachungs-Autoritéite verfollegen zënter gëschter e weidert Pëtrolsschëff aus dem Venezuela an internationale Gewässer. D'USA hunn an dësem Mount schonn zwee där Pëtrolsschëffer saiséiert. Eent dovu gëschter um Sonndeg.

headphones

1 min

© EPA/Henry Chirinos
(Foto: EPA/Henry Chirinos)

US-Offizieller soten, d'Schëff, dat verfollegt gëtt, wier Deel vun enger geheimer Flott vu venezuelanesche Schëffer, déi Sanktioune géifen ëmgoen.

Washington behaapt, de venezuelanesche President Nicolás Maduro géif Drogekarteller mat de Revenuen aus dem Pëtrolsgeschäft finanzéieren.

De Maduro seet, déi amerikanesch Aktioune géint d‘Schëffer wieren illegal an d‘USA wéilten déi grouss Pëtrolsreserve vum Venezuela ënner hir Kontrolle bréngen.