arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ USA gi 5 "radikalen Aktivisten" Areesverbuet, ënner hinnen een Ex-EU-Kommissär

Kee Visa

|
headphones

1 min

USA gi 5 "radikalen Aktivisten" Areesverbuet, ënner hinnen een Ex-EU-Kommissär

D'USA hunn Areesverbueter géint fënnef Persounen aus Europa decidéiert wéinst hirem Asaz fir eng Regulatioun vun de soziale Reseauen. Dorënner ass dee fréiere franséischen EU-Kommissär Thierry Breton. Dee schwätzt elo vun enger Hexejuegd.

headphones

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou)

Den Thierry Breton hat den "Digital Services Act" vun der EU fir d‘Regulatioun vun Online-Plattformen op de Wee bruecht.

Den US-Ausseministère huet den Thierry Breton elo op eng Lëscht vu Persoune gesat, déi kee Visa méi accordéiert kréien. D‘US-Regierung beschreift dës Persounen als "radikal Aktivisten", déi probéiere géifen amerikanesch Online-Plattformen ze zenséieren an amerikanesch Meenungen ze ënnerdrécken.

Areesverbuet och fir däitsch Aktivistinnen

Den Thierry Breton schwätzt vun enger Hexejuegd. Hie vergläicht d‘Virgoe vun der Trump-Regierung mat der Verfollgung vu presuméierte Kommunisten an de 1950er Joren ënner dem US-republikanesche Politiker Joseph McCarthy. 

Och betraff vum Areesverbuet sinn ënner anerem d‘Anna-Lena von Hodenberg a Josephine Ballon vun der däitscher Organisatioun HateAid. Déi setzt sech géint Haass a Gewalt am Internet an.

Europäesch Reaktioun

Déi souverän Stëmm vun den europäesche Bierger:inne kann duerch keng Sanktioun roueg gestallt ginn: Esou huet den EU-Kommissär Stéphane Séjourné haut um Mëttwoch op déi amerikanesch Areesverbueter reagéiert.