arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ USA féieren Douanestaxen op brasilianesch Produiten an

Handel

|
reading time

1 min

USA féieren Douanestaxen op brasilianesch Produiten an

D'USA hunn nei Douanestaxen an der Héischt vu 25 Prozent op verschidde Produiten aus Brasilien ugekënnegt. Dat scho vun nächster Woch un. Kritik ass et direkt aus Brasilie ginn.

reading time

1 min

picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer | © picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer
Symbolfoto (Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer)

Net concernéiert wieren awer Produite vun deenen et an den USA net genuch géif ginn, oder déi eng besonnesch sensibel Liwwerketten hätten, dorënner Pëtrol, Gas, Rëndfleesch an eenzel Stécker fir Fligeren, heescht et nach vun engem amerikanesche Regierungsbeamten.

Washington begrënnt d'Mesure mat scheinbar onfaire Handelspraktike vu Brasilien. Sollt déi brasilianesch Regierung dës ofschafen, kéinten d'Douanestaxen nees opgehuewe ginn.

De brasilianesch President huet dës Reprochë vu sech gewisen an déi nei Douanestaxe schaarf kritiséiert. Et géif keng valabel Justifikatioun fir unilateral Mesurë ginn, heescht et nach aus Brasilien.