arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ USA erhiewen 30 Prozent Douanestaxe – EU beréit iwwer Géigemesuren

Eng Analyse

|
reading time

3 min

headphones

7 min

play_arrow

USA erhiewen 30 Prozent Douanestaxe – EU beréit iwwer Géigemesuren

Um Samschdeg (12. Juli) huet den Donald Trump d’Douanestaxe géintiwwer der EU an Héicht vun 30 Prozent vum 1. August un annoncéiert. Um Sonndeg huet d’EU-Kommissiounspresidentin dann d’Géigemesurë bis den 1. August ausgesat. Eng Analyse vun der EU-Korrespondentin Danièle Weber.

reading time

3 min

headphones

7 min

play_arrow

Eng Partie vun deene Géigemesuren hätten haut um Méindeg scho sollten a Kraaft trieden. Zu Bréissel kommen haut d’Handelsministeren a Ministesche beieneen. 

War de Bréif mat der Annonce vum Donald Trump eng Iwwerraschung?

Datt de Bréif koum war wuel manner eng Iwwerraschung, dofir awer säin Inhalt: Déi annoncéiert Taxe falen däitlech méi héich aus wéi sech vill Leit zu Bréissel oder an den Europäeschen Haaptstied et sech geduecht hunn.

Am Abrëll war nämlech nach vun 20 Prozent rieds.

Wochelaang ass tëschent den USA an der EU verhandelt ginn. Elo hätt een éischter mat enger Entschäerfung gerechent – obwuel vill Observateuren ëmmer nees betount hunn, datt um Enn ee Mann decidéiert. An dat ass den US-President Donald Trump.

Den huet a sengem Bréif geschriwwen, datt wéinst d’Relatiounen net reciproque wieren, dat wéinst den Handelsdefiziter. Dowéinst géif vum 1. August un 30 Prozent Taxen ufalen op allen EU-Produiten, déi an d’USA exportéiert ginn. Dat wier nach manner wéi néideg, fir den Defizit auszegläichen, esou den Donald Trump.

Wann d’EU Géigemesurë géif huelen a Form vun Taxen, da géifen déi bei déi 30 Prozent drop gerechent ginn, heescht et weider.

Den Donald Trump huet a sengem Bréif eng Dier opgelooss: Sollt d’EU d’Mäert opmaachen an Taxen oder aner Handelsbarrièrë fale loossen, wier ee prett d’Mesuren unzepassen. D’Taxe kéinten no ënnen oder no uewe modifiéiert ginn, ofhängeg vun der Relatioun tëschent den USA an der EU.

D’EU wëllt elo net direkt reagéieren, dat huet d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen um Sonndeg annoncéiert.

Stinn d’Memberlänner hannert der Strategie vun der von der Leyen? 

Doriwwer wäerten d’Ministeren a Ministeschen aus de 27 EU-Länner haut diskutéieren. Um Sonndeg waren d’Ambassadeuren an d’Ambassadricë beienee fir dës Diskussioun ze preparéieren.

Et ass awer schonn e bësse speziell, datt d’Kommissiounscheffin esou eng Annonce mécht, ier Ambassadeuren a Ministeren zesummekomm sinn. Bis ewell huet een awer nach keng gréisser Kritik un där Decisioun héieren.

Kloer ass, datt d’Ursula von der Leyen eng virsiichteg Approche huet. Et besteet keen Zweifel drun, datt si där vun hirem Heemechtsland Däitschland méi no steet, wéi zum Beispill där vum franséische President Emmanuel Macron, deen do scho méi laang no engem méi fermen Optriede vun der EU freet.

Däitschland ass als Exportnatioun besonnesch betraff vun de Stroftaxen. Däitschland huet an der Lescht ëmmer op Deeskalatioun gepocht.  “Et bräicht een elo keng Menacen oder Provokatiounen” esou gëtt den däitsche Finanzminister Lars Klingbeil an der Süddeutschen um Sonndeg zitéiert.

Ob dat allerdéngs jiddereen esou gesäit, ass net esou kloer.

Ass elo eng Ännerung an der EU-Strategie ze erwaarden?

Wat ganz kloer ass, ass dat d’Taxen an där Héicht net akzeptabel fir d’EU sinn. Doru gouf ni en Zweifel gelooss. Wann ee mat Expert:innen oder Europadeputéierte schwätzt, dann ass ëmmer kloer gewiescht: Alles iwwer 10 Prozent ass schwéier ze akzeptéieren.

Kloer ass och, datt d’EU déi aktuell Situatioun net méi laang duerchhale wëllt oder kann. Et ass jo net esou, wann den Ament keng Taxe géifen erhuewe ginn. Op Autoe ginn et 25 Prozent an op Stol esouguer 50 Prozent. Dat ass e grousse Problem fir Europäesch Entreprisen.

De Status Quo ass also näischt, wat am Verglach mat den elo annoncéierten US-Taxe besser wier. Dat heescht d’EU muss elo verhandelen a brauch Resultater. Wéi wäit een do goe soll, wäert sécherlech Géigestand vun den Diskussiounen um Méindeg sinn. 

Fir Lëtzebuerg ass op där Reunioun den DP-Ausseminister Xavier Bettel.

play_arrow Lauschteren