arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ USA bekenne sech zur NATO, betount de Mark Rutte

Den Haag

|
reading time

1 min

USA bekenne sech zur NATO, betount de Mark Rutte

Virum Optakt vum NATO-Sommet haut um Dënschdeg zu Den Haag huet den NATO-Generalsekretär Mark Rutte Zweifel un der Loyalitéit vun den USA zeréckgewisen. Déi europäesch Alliéiert sollte sech an deem Kader keng Suerge maachen.

reading time

1 min

© NATO
(Foto: NATO)

Et géif ee Bekenntnis vum US-President zu der NATO ginn, esou de Mark Rutte virun der offizieller Ouverture vum NATO-Sommet.

Weider huet hie betount, datt domat säitens den USA allerdéngs d‘Erwaardung geknäppt wier, datt d‘Europäer a Kanada méi fir d‘Defense ausginn.

Eng weider Hausse vun de Militärdepensen ass den Haaptsujet. Déi 32 NATO-Memberen hu sech virgëscht schonn drop gëeenegt, d’Verdeedegungsdepense bis 2035 op op mannst 5  Prozent vum PIB ze erhéijen.

3 Vertrieder:innen aus Lëtzebuerg

Um NATO-Sommet solle sech muer um Mëttwoch dann och den US-President Donald Trump an den ukrainesch President Wolodymyr Selsnkyj fir e Gepsérich begéinen.

Lëtzebuerg ass duerch de Premier Luc Frieden, den Ausseminister Xavier Bettel an d‘Verdeedegungsministesch Yuriko Backes vertrueden.