arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ USA an Ukrain verhandele weider zu Miami iwwer ee Friddensplang

Krich géint d'Ukrain

|
headphones

2 min

USA an Ukrain verhandele weider zu Miami iwwer ee Friddensplang

Zënter een Donneschdeg gëtt iwwer dee Plang diskutéiert, iwwer deen nach net vill bekannt ass. Gëschter um Freideg huet den US-Ausseminister an de Spezialemissaire Steve Witkoff iwwer déi sozial Medie geschriwwen, datt dee Plang elo vu Russland géif ofhänken.

headphones

2 min

EPA/SHAWN THEW | © EPA/SHAWN THEW
Donald Trump, Wolodymyr Selenskyj (Foto: EPA/SHAWN THEW)

Wéi dee Plang, den zu Miami um Dësch läit, genee ausgesäit, ass bis elo nach net bekannt. Reell Fortschrëtter wieren nëmme méiglech, wa Russland sech bereet erkläert, d’Engagementer laangfristeg anzehalen, huet et vu Miami aus geheescht.

Ënner anerem geet et em Deeskalatioun.

Datt et vum Kreml ee Wëlle gëtt, fir ze deeskaléieren, ass awer net kloer, Trotz de Gespréicher, déi et a Florida gëtt, huet Russland an der Nuecht op e Samschdeg d’Ukrain weider bombardéiert. Zu Kiew sinn op mannst 4 Persoune blesséiert ginn.

Drone mee och Hyperschallrakéiten hätte Lokalitéiten ëm Kiew viséiert, esou déi Ukrainesch Arméi.

Haaptprinzipie wiere kloer, et feelt u Sécherheetsgarantien

Wärend de Verhandlungen tëschent der Ukrain an den USA wier ee sech iwwer Haaptprinzipien eens ginn, notamment iwwer déi néideg dissuasiv Mëttel fir een dauerhafte Fridde kënnen ze sécheren.

D’Ukrain an hir Alliéiert verlaangen awer Sécherheetsgarantien, déi awer net vun den USA bis elo esou genannt goufen.

En Dënschdeg gouf et een Treffen zu Moskau, wou ënner anerem dem Donald Trump säin Eedem, de Jard Kushner, mat dobäi war. Informatiounen déi der Ukrain a Florida matgedeelt goufen.

Besaten Territoire a russesch Staatsverméige bleiwe Sträitpunkten 

Russland bleift do bei de Fuerderungen, fir Ukrainesch Territoirë kënnen ze annektéieren, ënner anerem den Donbass, ouni awer déi Gebidder ënner Kontroll ze hunn.

Kiew dogéint wëllt seng Onofhängegkeet an seng Souveränitéit behalen.

Weider Punkten um Ordre du jour sinn dann och d’Froen iwwer den Erëmopbau vun der Ukrain, grad ewéi d’Relance vun der Wirtschaft. Fir déi ze finanzéieren, gëtt et d’Méiglechkeet, russesch Avoiren, déi festgesat sinn, anzesetzen. Doriwwer ass ee sech an der EU nach net eens.

Den 18ten Dezember soll driwwer diskutéiert ginn. D’Belsch huet awer Bedenken driwwer wëll et ënner anerem juristesch Risike gëtt, déi een net gewëllt ass eleng ze droen.