Radioen

On air

Tockcity  |  Obongjayar - Just My Luck

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ USA an Israel kritiséieren Unerkennung vu Palästinenseschem Staat - Protester zu Tel Aviv gi weider

Noen Osten

USA an Israel kritiséieren Unerkennung vu Palästinenseschem Staat - Protester zu Tel Aviv gi weider

Dausende Leit ware gëschter erëm zu Tel Aviv an Israel op der Strooss. Si hunn eng direkt Fräiloossung vun den israeelesche Geiselen an der Gazasträif an Neiwale gefuerdert. Iwwerdeems schwätzt de Benjamin Netanjahu bei der Unerkennung vum Palästinensesche Staat vun enger Belounung fir Terrorismus.

auto_stories

1 min

Demonstrante fuerderen zu Tel Aviv Neiwalen an d'Fräiloossung vun de Geiselen | © picture alliance/dpa | Cindy Riechau
Demonstrante fuerderen zu Tel Aviv Neiwalen an d'Fräiloossung vun de Geiselen (Foto: picture alliance/dpa | Cindy Riechau)

Gëschter hat déi israeelesch Arméi e Video publizéiert, deen déi brutal Entféierung vu 5 israeeleschen Zaldotinnen de 7. Oktober duerch d‘Hamas weist. Déi jonk Frae si weiderhin an den Hänn vun der Hamas.

Als eng Belounung fir Terrorismus – esou huet den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu déi geplangten Unerkennung vun engem palästinensesche Staat vun Norwegen, Irland a Spuenie fir Palästina genannt. 80 Prozent vun de Palästinenser aus dem Westjordanland géifen de Massaker vum 7. Oktober ënnerstëtzen. Deene Béise kéint ee kee Staat ginn, esou den Netanjahu.

Kritik kënnt och vun den USA: eng gerecht Zwee-Staate-Léisung fir Israel a Palästina kéint nëmmen duerch direkt Verhandlungen tëschent deenen zwee Partner erreecht ginn, sot de Sécherheetsberoder vum amerikanesche President Joe Biden.