Fir Mënsche géif dat awer warscheinlech kee Gesondheetsrisiko bedeiten, esou d’FDA. Trotzdeem misst ee kucken, wéi et méiglech ass, datt Spuere vum Virus no der Pasteuriséierung ëmmer nach an der Mëllech present kënne sinn. Et ginn elo weider Analyse gemaach.
An den USA gëtt et den Ament eng Vullegrippepidemie. Nieft Millioune Gefligel sinn och vill Mëllechkéi mam Virus infizéiert ginn. D‘Kéi goufen awer net schwéier krank. Ugangs Abrëll war och eng Persoun mam Vullegrippvirus infizéiert ginn. Si hat nëmme liicht Symptomer.