Radioen

On air

Notturno  |  Debby Blackwell - Once You Got Me Going

play_arrow Live
search

/ US-Taxen: Bréissel stëmmt stëmmt um Mëttwoch iwwer Géigemesuren of

Welthandel

US-Taxen: Bréissel stëmmt stëmmt um Mëttwoch iwwer Géigemesuren of

D‘EU kéint schonn Ufanks nächster Woch hir Äntwert op déi amerikanesch Douanestaxe presentéieren, dat huet de Mëtteg elo e Porte-parole vun der EU-Kommissioun zu Bréissel gesot.
D'Aféiere vun Douanestaxen duerch de President Donald Trump fir bal all d'Handelspartner vun den USA, huet iwwerdeems och Auswierkungen op Lëtzebuerg, sou de Fonds de compensation.

auto_stories

3 min

© picture alliance/dpa | Arne Dedert
(Foto: picture alliance/dpa | Arne Dedert)

Dobäi handelt et sech ëm eng Reaktioun op déi amerikanesch Douanestaxen op europäesche Stol an Aluminium, déi scho ronn e Mount a Kraaft sinn. Et sinn elo éischt Detailer iwwert d‘Lëscht mat de Produite bekannt ginn, op déi dann elo beim Import Taxe bezuelt musse ginn. Do sollen zum Beispill Agrarproduite wéi Soja, Räis, Poulet a verschidden Uebstzorten drop stoen, dann awer och Holz, Motorrieder, Plastikproduiten, elektresch Apparater oder Schminkproduiten. 

Amerikanesche Whiskey soll verschount bleiwen. Dat gouf zu Bréissel decidéiert, op Drock hi vun Italien a Frankräich. Den Donald Trump huet nämlech gedrot, wann d'EU den amerikanesche Bourbon géif taxéieren, datt hien dann déi europäesch Wäiner a Schampesse géif mat 200% taxéieren.

Och Lëtzebuerg duerch Douanestaxe beaflosst 

D'Valorisatiounspertë vum Kompensatiounsfong op der Bourse wäre reell, allerdéngs géif d'Investissementsstrategie vum Fong op enger laangfristeger Visioun berouen, mat engem virdefinéierte Risikoprofil.

D'Mäert géifen zanter éiweg Zyklen duerchlafen a Volatilitéitsphasen erliewen, deenen de Fonds de compensation beim Festleeë vu senger Strategie Rechnung droe géif. D’Festhalen un der laangfristeger Investissementsstrategie, och an negative Momenter, hätt sech als richteg erwisen, an de Kompensatiounsfong géif d'Risiken als responsabelen Investisseur geréieren, esou nach de Kompensatiounsfong. 

Donald Trump leent EU-Propos of 

Den amerikanesche President Donald Trump huet der EU hir Propos ofgeleent fir all Douanestaxen op Industriegidder falenzeloossen. Dëse Virschlag, deen d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen den USA gëschter um Méindeg gemaach hat, géif fir hien net duergoen, sot den Donald Trump.

Den US-President huet amplaz virgeschloen: D'EU-Staate missten däitlech méi Energie aus den USA importéiere fir den Handelsdefizit vun den USA géigeniwwer der EU auszegläichen.

D'EU hofft, datt si am Handelssträit mat den USA en Accord ka verhandelen. Si bereet awer och Géigemesuren op déi amerikanesch Douanestaxe vir. Vu Mëtt Abrëll u sollen no an no Géigentaxe vun der EU a Kraaft trieden.

China wëllt sech vun den USA net erpresse loossen

China huet am Handelssträit een haarde Kampf mat den USA ugekënnegt. Gëschter um Méindeg hat den Donald Trump domadder gedreet, d'Taxe fir US-Importer aus China nach emol ëm 50 Prozent eropzesetzen, am Fall wou China seng annoncéiert Géigentax net zeréckzitt. Dorop huet de chineeseschen Handelsministère mat der Ausso reagéiert: China géif sech nimools vun den USA erpresse loossen a bis zum Schluss kämpfen.

Wann den Donald Trump seng Menace ëmsetzt, wiere verschidden amerikanesch Entreprisen, déi Gidder aus China importéieren, mat enger Douanestax vun 104 Prozent konfrontéiert.

D'EU-Kommissiounspresidentin huet China opgefuerdert, am Douanes-Sträit mat den USA eng Léisung ze fannen, fir datt den Handelssträit, net nach weider eskaléiert. Si hätt en Telefonsgespréich mam chineesesche Premier Li Qiang gehat, wou si hien opgefuerdert hätt, eng weider Eskalatioun mat alle Mëttelen ze verhënneren. 

D‘EU-Kommissiounspresidentin huet China opgeruff, zesumme mat Europa, d‘Responsabilitéit fir e fairen a fräie Welthandel ze iwwerhuelen.

Liicht Berouegung op de Bourssen

No de massive Verloschter op de Boursse gëschter um Méindeg gouf et haut um Dënschdegmoien eng liicht Berouegung. Déi gréisst europäesch Bourssen, déi um Dënschdeg méi wéi 4 Prozent verluer haten, waren um Dënschdemoien bei der Ouverture nees liicht am Plus. Ronn 1,5 Prozent zu Paräis, 0,9 Prozent zu London an 1,2 Prozent zu Frankfurt. 

An Asien hunn déi meescht Bourssen haut relativ däitlech am Plus zougemaach. De Nikkei a Japan esouguer mat engem Plus vu 6 Prozent. Wéinst der onprevisibeler Situatioun vun den amerikaneschen Douanes-Taxen, an der Aussiicht, datt vu muer, Mëttwoch, un zousätzlech Taxe fir vill Länner sollen a Kaaft trieden, wären d‘Finanzmäert, Analysten no, awer weider nervös an onstabel.