Den Asaz vun Zaldote vun der Nationalgard am Oregon wier illegal an eng Gefor fir déi ëffentlech Sécherheet, heescht et an der Uklo.
Den Donald Trump hat virgëschter gesot, d'Zaldoten dierfte wann néideg all Mëttele benotze fir Protester oder Attacke géint Immigratiouns-Zenteren ze stoppen.
Déi demokratesch Gouverneurin vun Oregon huet dem Donald Trump seng Behaaptung zeréckgewisen, datt d'Stad Portland an der Gewalt géif ënnergoen. Den Donald Trump sot, den Asaz vun Zaldote wier néideg, fir d'Immigratiounsagence ICE virun terroristeschen Attacke vun antifaschistesche Gruppen ze schützen.
Op Uerder vum President goufen Zaldote vun der Nationalgard och schonn ënner anerem zu Los Angeles a Washington D.C. agesat.