arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ US-Sanktioune géint iraneschen Politiker - Iran warnt viru militäreschem Konflikt

USA - IRAN

|
headphones

1 min

US-Sanktioune géint iraneschen Politiker - Iran warnt viru militäreschem Konflikt

D‘USA annoncéieren Sanktiounen géint iranesch Politiker, dorënner och den Inneminister. Dat wéinst dem repressive Virgoen géint d‘Demonstranten.

headphones

1 min

© EPA/ABEDIN TAHERKENAREH
(Foto: EPA/ABEDIN TAHERKENAREH)

Den iraneschen Ausseminister huet um Freideg de Mëtteg op enger Pressekonferenz annoncéiert, datt den Iran zwar prett fir Verhandlungen wier, awer och fir ee Krich.

Hie weist déi zentral Fuerderungen vum US-President zeréck. 

Den Donald Trump verlangt vum Iran ënner anerem d‘Reechwäit vu ballistesche Rakéiten ze begrenzen a keen Uran méi unzeräicheren. 

Den iraneschen Ausseminister huet betount, et géif ee seng Defensefäegkeeten behalen a warnt d‘USA, datt e militäresche Konflikt iwwer e bilaterale Krich kéint ewech goen.