search

/ Urgent Demande: US-Regierung wëllt selwer decidéieren, wie per Bréifwal wielen dierf

USA

|
reading time

1 min

Urgent Demande: US-Regierung wëllt selwer decidéieren, wie per Bréifwal wielen dierf

Virun de Kongresswalen am November probéiert d'US-Regierung eng ëmstridden Ännerung vun de Bréifwal-Reegelen duerchzesetzen. De Justizministère huet eng urgent Demande beim Supreme Court gemaach, fir déi nei Walreegelen ëmzesetzen, déi de President Donald Trump am Mäerz dekretéiert hat. 

reading time

1 min

© EPA/SARAH YENESEL
(Foto: EPA/SARAH YENESEL)

Deemno soll d‘Regierung Wallëschten zesummestellen an nëmme Leit, déi do drop sinn, dierfte per Bréifwal wielen. Dogéint haten 23 Staate geklot, déi och Recht kruten.

Den Donald Trump behaapt ëmmer nees d‘Bréifwal wier ufälleg fir Fälschungen. Dat awer ouni Beweiser ze liwweren.