Den US-President huet ugekënnegt, datt de Regimm een „héije Präis“ géif bezuelen. Wat den US-President domat genee mengt ass onkloer.
Eventuell nei Stroftaxen
Den Trump sot och nach, datt bis op Weideres all Gespréicher mat Teheran ausgesat wiere bis dat „sënnloost Ëmbrénge“ vun den Demonstrant:innen ophält.
D‘US-Regierung wéilt nei Stroftaxe vu 25 Prozent op den Importer aus alle Länner aféieren, déi Geschäfter mam Iran maachen.
Dat huet de President Donald Trump op senger Online-Plattform matgedeelt. Hie gouf keng Detailer, wat "Geschäfter mam Iran maache" genee heescht, a wéi eng Länner vun den neie Stroftaxe kéinte betraff sinn. Zu de wichtegsten Handelspartner vum Iran gehéieren ënner anerem China, Indien, Russland, d‘Tierkei an déi Vereenegt Arabesch Emirater.
Méi héich Zuel vun Doudegen am Iran
De Bilan vun den Doudesaffer am Iran ass geklommen: Op d‘mannst 648 Demonstrante wiere bis elo vun den iranesche Sécherheetsforcen ëmbruecht ginn, esou d‘ONG Iran Human Rights, déi an Norwege baséiert ass.