Mam neie Stéchdatum sollen dann och déi 15 Prozent Taxen a Kraaft trieden, déi op europäesch Produite gëllen.
Washington wéilt de Grenz- an Zollagencë méi Zäit gi fir den neien Douanessystem ëmzesetzen.
Den US-President Donald Trump huet och per Dekret weider nei Douanestaxen decidéiert, dat fir déi Länner mat deenen et nach keen Handelsofkommes gëtt. Zu de Länner, déi am stäerkste betraff sinn, gehéiert virun allem Brasilie mat 50 Prozent an d’Schwäiz mat 39 Prozent.
Importprodukter aus Kanada sollen och mat 35 Prozent – amplaz vu 25 Prozent wéi virgesinn – taxéiert ginn. Dat awer nëmmen op Produiten déi net ënnert de sougenannte CUSMA-Accord falen. Een Ofkommes tëschent Kanada, den USA a Mexiko. Den Donald Trump huet dës Erhéijung domat begrënnt datt vu Kanada e Mangel u Kooperatioun bei der Lutte géint den Drogeschmuggel géif ausgoen.
De kanadesche Premier Mark Carney huet d’Decisioun vu Washington op X bedauert a verséchert datt Ottawa dem CUSMA-Accord weiderhi géif trei bleiwen.
Eng wichteg Fro bleift awer nach op: Den Donneschdeg hate sech nämlech Appell-Riichter an enger Audienz mat der Legitimitéit vun dësen Douanestaxen ausernee gesat. D’Appell-Riichter hate sech US-Medien no skeptesch gewisen, wat d’Virgoen vun der Regierung betrëfft. Der US-amerikanescher Zeitung “Washington-Post” no, kéinte bis zu enger Decisioun nach Woche vergoen.