Den ieweschten iranesche Leader huet virun “irreparabele Schied” gewarnt, wann d’USA den Iran géifen ugräifen.
Déi iranesch Natioun géif sech nimools erginn - och net, wa se ënner Drock gesat géif ginn. Et géif ee sech géint een operzwongene Krich an een operzwongene Fridde wieren, esou den Ayatollah Khamenei. Den US-President Donald Trump hat den Dënschdeg gefuerdert, datt den Iran sech ouni Konditioune soll erginn. Déi Fuerderung wier „inakzeptabel“, esou d‘Reaktioun vum ieweschten iranesche Leader. Hie war op der Televisioun iwwregens selwer net ze gesinn oder ze héieren - wat d‘Spekulatiounen iwwert seng méiglech imminent Ofléisung un der Spëtzt vum Iran ukierpen dierft, esou Observateuren.
Reuters: USA gräife méiglecherweis an de Konflikt an
Den Donald Trump hat den Dënschdeg och gepost, datt d’USA genee wéisste wou de Khamenei sech géif verstoppen. An datt si hien net wéilten ëmbréngen - jiddefalls net fir de Moment, esou nach den US-President. Villes géif drop hindeiten datt d’USA prett si sech militäresch an de Konflikt anzemëschen. D’Noriichtenagence Reuters hat gemellt, datt eng 30 Tankfligere um Wee aus den USA an den Noen Oste sinn.
Israeelesch Reserv un Ofwierrakéiten stéisst méiglecherweis u Limitten
Haut um Mëttwoch koum et um Terrain zu weideren Attacken. Israel behaapt den Haaptsëtz vun der banneschter iranescher Sécherheet zerstéiert ze hunn. Den Iran hätt sengersäits ronn 30 ballistesch Rakéiten a Richtung Israel geschoss - déi meescht wieren ofgefaange ginn an et géif keng Blesséiert, esou d‘israeelesch Arméi. US-Medie mellen allerdéngs, datt d‘israeelesch Capacitéite fir Rakéiten aus dem Iran ofzewiere kéinte knapp ginn. Se wieren nëmmen nach 10 oder 12 Deeg op dem momentanen Niveau ze halen, esou d‘Washington Post.
Israel hätt zwar vill iranesch Rakéiten ofgefaangen an d'Intensitéit vum iranesche Beschoss wier an de leschten Deeg och manner staark ginn, esou d‘Aschätzung. Mee et ass onbekannt, wéi vill Munitioun den Iran nach huet.