Zu Sharm El-Sheikh an Ägypte ginn déi indirekt Friddensverhandlungen tëschent Israel an der Hamas haut fir den drëtten Dag virun. Dem US-President Donald Trump seng Negociateure Steve Witkoff a Jared Kushner sinn um Mëttwoch an Ägypten ukomm.
Ënner anerem den däitschen Ausseminister Johann Wadephul an den ägypteschen Ausseminister Badr Abdel-Atti virun enger Pressekonferenz de 7. Oktober 2025 (Foto: picture alliance/dpa | Soeren Stache)
Den Donald Trump huet widderholl, datt d‘Chancen, fir en Accord ze fannen, gutt wieren. Mee bis elo gouf et nach keen Duerchbroch.
Den US-President Trump hätt d‘Tierkei ausdrécklech gefrot, fir d‘Hamas ze iwwerzeegen, fir e Friddensaccord mat Israel auszehandelen, dat sot den tierkesche President Erdogan um Mëttwochmoien zu Istanbul.