"Tech prosperity deal": Esou nennt sech d‘Ofkommes, dat den Donald Trump an de Premier Keir Starmer en Donneschdeg annoncéiert hunn.
E KI-Supercomputer
Déi grouss Nimm aus der US-amerikanescher Tech-Industrie hunn héisch Zomme versprach: Microsoft well 22 Milliarde Pond investéieren, an dat virun allem a KI-Infrastruktur.
Google well mat 5 Milliarde Pond en Datenzenter am Oste vun England weider ausbauen. An den Chip-Produzent Nvidia, Microsoft an OpenAI - d'Firma hanner ChatGPT - wëllen zesummen dee gréisste KI-Supercomputer a Groussbritannie bauen.
Am Ganze sollen 150 Milliarde Pond a Groussbritannie fléissen, déi dann och ronn 7.000 Aarbechtsplaze schafe sollen, esou d‘Regierung.
Et ass de gréissten Investitiounspak vun dëser Aart an der brittescher Geschicht, esou de Keir Starmer en Donneschdeg.
Just en amerikanesche Labo?
An déi Sue solle fir Durchbréch am Gesondheetssecteur an an der nohalteger Energie féieren, gutt bezuelten Aarbechtsplaze schafen, a fir de batter néidege wirtschaftlechen Opschwong a Groussbritannie suergen. Dat klengt villverspriechend, mee et ginn och kritesch Stemmen.
Den Nick Clegg, deen no sengem Amt als brittesche Vizepremier bei der Facebook Firma Meta geschafft huet, sot, datt dëst Ofkommes Groussbritannie méi ofhängeg vun amerikaneschen Tech-Firme mécht, an datt lokal Firmen dobäi vernoléissegt ginn.
Déi grouss amerikanesch Entreprisë bräichten d'Infrastruktur souwisou, a bauen Datenzentren an der ganzer Welt. Groussbritannie riskéiert also als amerikanesche Laboratoire ze ginn.
D'Staatsvisitt selwer war och vill kritiséiert ginn, well den Donald Trump ass a Groussbritannien net beléift, wat och déi vill Protestaktioune gewisen haten. Mee de Keir Starmer, deen no rezente Skandaler dringend gutt Noriichte gebraucht hat, huet dat a Kaf geholl.