arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ US-Geheimdéngschtadministratioun soll 700 Milliounen Dollar d'Joer spueren

USA

|
headphones

1 min

US-Geheimdéngschtadministratioun soll 700 Milliounen Dollar d'Joer spueren

Bei der nationaler amerikanescher Geheimdéngschtadministratioun ODNI steet eng substantiell Budgetskierzung an d'Haus: 700 Milliounen Dollar d'Joer sollen agespuert ginn. Dat huet d'Geheimdéngschtkoordinatrice Tulsi Gabbard annoncéiert.

headphones

1 min

© EPA/SHAWN THEW
(Foto: EPA/SHAWN THEW)

Aktuell wier déi Administratioun opgeblosen a géif net effizient schaffen, esou d'Gabbard. Hir gëtt de Virworf gemaach, enk Kontakter mat Russland ze hunn, an och dem fréiere syresche President Baschar al-Assad no ze stoen.