arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ US-Chipkonzern knack mat 5 Billiounen US-Dollar Seuil un der Bourse

Nvidia

|
headphones

1 min

US-Chipkonzern knack mat 5 Billiounen US-Dollar Seuil un der Bourse

Den US-Chipkonzern Nvidia ass elo iwwer 5 Billiounen US-Dollar wäert an huet domat als éischt Entreprise jee dee Seuil un der Bourse geknackt. An den éischte Minutten no Ouverture haut um Dënschdeg ass de Kurs vun der Nvidia-Aktie ëm ronn 4,5  Prozent op iwwer 210 Dollar geklommen.

headphones

1 min

© Adobe Stock / Ralf
(Foto: Adobe Stock / Ralf)

Grond fir den Höhenflug ass de momentane Boom ronderëm kënschtlech Intelligenz: Chip-Systemer vun Nvidia gi weltwäit fir d‘Training vu KI benotzt.