arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ US-Bundesrichter stoppt Festnamen: Leit déi legal a Minnesota liewe gi geschützt

USA

|
headphones

1 min

US-Bundesrichter stoppt Festnamen: Leit déi legal a Minnesota liewe gi geschützt

An den USA huet e Bundesriichter verbuede Migrante festzehuelen déi sech legal am Bundesstaat Minnesota ophalen. Och ouni eng permanent Openthaltsgeneemegung ze hunn.

headphones

1 min

Protest géint ICE zu Minneapolis | © EPA/CRAIG LASSIG
Protest géint ICE zu Minneapolis (Foto: EPA/CRAIG LASSIG)

Dem Riichter no kéint d‘Trump Administratioun awer weiderhin déi legal Immigratiounsgesetzer uwenden an de Statut vun den Immigrant:innen iwwerpréiwen. D‘Leit dierfen awer weder festgeholl nach deportéiert ginn. Leit déi vun ICE festgeholl goufen, missten deemno nees op fräie Fouss.

D‘Immigranten hätten d‘Recht sech an den USA opzehalen, do ze schaffen a sech fräi ze beweegen ouni Angscht festgeholl ze ginn. Op X huet de radikale politesche Beroder vum Donald Trump Stephen Miller scho reagéiert a gemengt d‘Demokratie géif op en Neits vun der Justiz sabotéiert ginn. 

Zwee ICE-Agente suspendéiert

Déi zwee ICE-Beamten, déi den Alex Pretti erschoss hunn, goufen iwwerdeems vun hirem Déngscht suspendéiert.