arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ US-amerikaneschen Ausseminister Rubio trëfft op de Sergei Lawrow

A Malaysia

|
reading time

1 min

US-amerikaneschen Ausseminister Rubio trëfft op de Sergei Lawrow

Den amerikaneschen Ausseminister Marco Rubio ass haut um Donneschdeg a Malaysia um Sommet vun den Ausseminister vu Südostasien. Hie begéint do säi russeschen Homolog Sergei Lawrow.

reading time

1 min

Marco Rubio | © picture alliance / Consolidated News Photos | Oliver Contreras - Pool via CNP
Marco Rubio (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Oliver Contreras - Pool via CNP)

Dat Treffe geschitt kuerz nodeems den amerikanesche President Donald Trump annoncéiert huet, der Ukrain méi Waffen ze schécken, well hien enttäuscht vum russesche President Putin ass, dee "vill Connerië géif erzielen", wéi den Trump sot.

Gëschter um Mëttwoch hat Russland d'Ukrain mat villen Dronen a Missilen attackéiert. Et wier déi gréissten Attack zënter dem Optakt vum Krich gewiescht, esou Kiew.