arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ US-Ambassadrice: "Den Donald Trump ass kee Politiker, mee e Geschäftsmann"

Lëtzebuerg - USA

|
headphones

4 min

headphones

20 min

play_arrow

US-Ambassadrice: "Den Donald Trump ass kee Politiker, mee e Geschäftsmann"

D'US-Ambassadrice zu Lëtzebuerg Stacey Feinberg mengt am 100,7-Interview, et misst een dem Donald Trump seng Menacë vis-à-vis Europa als Verhandlungstaktik gesinn. Trotz de ville Menacen an Äusserunge vum US-President mengt si net, datt d'Frëndschaft tëschent Lëtzebuerg an den USA a Gefor wier.

headphones

4 min

headphones

20 min

play_arrow
D'Stacy Feinberg am Studio vum Radio 100,7. | © Jo Diseviscourt
D'Stacy Feinberg am Studio vum Radio 100,7. (Foto: Jo Diseviscourt)

Zënter dräi Méint ass d’Stacey Feinberg elo als US-Ambassadrice zu Lëtzebuerg am Amt. Et wier formidabel, seet si. Lëtzebuerg hätt hir Erwaardungen iwwertraff:

"Mir hu vill gemeinsam Valeuren. Ech mengen, vun allen europäesche Länner ass Lëtzebuerg dat, wat den USA am änlechsten ass."

Bréckelt Relatioun tëschent USA a Lëtzebuerg?

Mee déi Valeure goufen an der lescht zolidd op d’Prouf gestallt. Och wann dem Donald Trump seng Menacë vu Stroftaxen an enger Annektéierung vu Grönland - wann néideg mat militärescher Force - virleefeg vum Dësch sinn, stelle vill europäesch Leaderen déi transatlantesch Relatioun fundamental a Fro.

D’Stacey Feinberg mengt awer net, datt d’Relatioun tëschent Lëtzebuerg an den USA am gaange wier ze bréckelen.

"Jo, heiansdo geet et op an of, sou wéi an all Bezéiung. Mee ech mengen de Marriage tëschent Lëtzebuerg an den USA ass exzellent a wäert nach laang halen." 

"Eskaléieren, fir ze deseskaléieren: Een Deel vun der Konscht"

Dem Donald Trump säi Réckzéier an der Grönland Fro gesäit d’Stacey Feinberg net als Konsequenz, datt Europa dem US-President elo d’Stier weist, mee éischter als Deel vun enger Verhandlungs-Strategie.

"Et war net onbedéngt e Réckzéier. Den Donald Trump ass e Geschäftsmann. Hien ass Chef vum gréisste Business op der Welt, an hie mécht d’Saachen anescht. Hien ass kee Politiker. An hien huet säi ganz eegene Stil fir ze verhandelen."

Et dierft een net vergiessen, datt hie kee Politiker ass. Wann hie géif "eskaléieren, fir ze deseskaléieren" wier dat als "Deel vun der Konscht" ze gesinn "fir een Deal ze maachen" esou d'US-Ambassadrice.

Trotz Menacë wier dem US-President Europa wichteg

Eng Konsequenz dovun ass, datt europäesch Länner sech vum Donald Trump beleidegt a menacéiert spieren. Mee Europa wier dem Donald Trump, trotz der America First Politik, och ganz wichteg, mengt d‘Stacey Feinberg. Hie géif just net schwätzen, wéi een Diplomat.

"Ech mengen, d’Sécherheet vu Grönland ass strategesch immens wichteg, net just fir d’USA, mee och fir d’NATO a fir Europa. Hei geet et also net just ëm d’USA, mee och ëm Europa. An dat weist, wéi wichteg Europa fir den US-President ass."

Multikulturell Gesellschaft vu Lëtzebuerg eng Stäerkt

Als grouss Stäerkt vu Lëtzebuerg gesäit d’US-Ambassadrice déi héich Zuel vun Auslänner:innen an déi multikulturell Gesellschaft. An dat obwuel an der neier nationaler Sécherheetsstrategie vun den USA d’Immigratioun als ee vun de Grënn genannt gëtt, firwat Europa sech an eng falsch a geféierlech Richtung géif entwéckelen.

"Mir mussen och eis Populatioun beschützen a sécher stellen, dat d’Leit kontrolléiert ginn, wa si an d’Land kommen, an datt si sech an eiser Gesellschaft integréiere kënnen a produktiv kënne sinn, ouni aneren ze schueden. Ech si sécher datt Lëtzebuerg och esou Bedenken huet. Mee d’Diversitéit ass sécher eng Stäerkt vun ärem Land."

"Jiddereen dierf Kritik äusseren, och wann et wéi deet"

Datt och zu Lëtzebuerg awer anti-amerikanesch Gefiller opkomme fënnt d’Ambassadrice schued. E Beispill si verschidde Commentairen op Facebook ënnert engem rezente Post vun der Ambassadrice, an dem si Reklamm mécht fir de sougenannte “Benjamin Franklin Transatlantic Fellowship”. En Austausch Programm fir Jonker tëschent 16 an 18, fir den och eng Persoun aus Lëtzebuerg a Fro kënnt, fir véier Wochen an den USA ze verbréngen.

Bei de Commentairë liest een zum Beispill: “Nee Merci, d’USA sinn den Ament net ganz attraktiv … do riskéiert ee vun ICE Agente verhaft ze ginn, wann een en auslänneschen Accent huet." Oder: “Fir eppes iwwer Demokratie a Valeuren ze léieren, wier et besser, dir géift Studenten an Europa schécken”.

"Sinn ech frou doriwwer? Nee … mee jiddereen huet d’Recht Kritik ze äusseren an ze soen, wat en denkt, och wann ech esou Comments net gär liesen … och wann et heiansdo wéi deet."

Anti-amerikanesch Gefiller, esouguer Angscht virun den USA, dat alles wäert sech iergendwann nees berouegen, mengt nach d’Stacey Feinberg.

Als US-Ambassadrice zu Lëtzebuerg géif si alles dru setzen, fir déi bilateral Lienen nach ze verbesseren. Si hofft dofir och, datt et geschwë villäicht nees eng direkt Fluchverbindung tëschent Lëtzebuerg an den USA gëtt, a betount: “Let's make it happen”.

Lauschtert hei de Reportage vum Pierre Reyland

Lauschtert hei de kompletten Interview tëschent dem Pierre Reyland an der Stacey Feinberg op Englesch

play_arrow Lauschteren