Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres huet béid Säiten opgefuerdert, mat Verhandlungen unzefänken. Déi sudaneesesch Arméi hat gëschter confirméiert, datt si sech aus der Stad El Fascher zeréckgezunn hätt, nodeems d'Stad annerhalleft Joer laang vun de Milize belagert gi war. An der Stad liewen de Vereenten Natiounen no, nach 300.000 Mënschen.
Et gëtt gefaart, dass elo do d‘Gewalt wäert explodéieren: gefaart gi Folter, Vergewaltegungen an ethnesch motivéiert Verdreiwungen.