arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ UNO besuergt iwwer Flüchtlingswell aus dem Südsudan

International

|
headphones

1 min

UNO besuergt iwwer Flüchtlingswell aus dem Südsudan

Der UNO no hunn dëst Joer ewell eng 300.000 Südsudaneesen hiert Land verlooss. Dat wéinst dem Konflikt tëschent de Sympathisante vum President Salva Kiir an deene vum Vize-President Riek Machar. Dee kritt de Moment de Prozess gemaach wéinst Verbrieche géint d’Mënschlechkeet.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Eva-Maria Krafczyk
(Foto: picture alliance/dpa | Eva-Maria Krafczyk)

De Südsudan, deen 2011 onofhängeg gouf vum Sudan, ass politesch instabil, obwuel et Pëtrol am Buedem gëtt. Fir d’Vereenten Natioune sinn d’Affrontementer esou uerg wéi nach ni.