Eng Resolutioun iwwer ee Wettrëschten am Weltall ass hënt zu New York am Weltsécherheetsrot um Veto vu Russland gescheitert. Den Text, dee vun den USA a Japan agereecht gi war, krut 13 vu 15 Stemmen. China huet sech enthalen.
An deem Text ass et den Appell un all Staaten, fir eng friddlech Notzung vum Weltraum ze suergen, an alles ze ënnerloossen, wat zu engem Wettrëschte kéint féieren. Den Text war d‘Reaktioun op Informatiounen aus amerikanesche Regierungskreesser vum Februar. Deemno hätt Moskau Pläng, fir Atomwaffen am Weltall ze installéieren.