arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ UNO-Konferenz géint Plastikpollutioun

Genf

|
reading time

1 min

UNO-Konferenz géint Plastikpollutioun

Wéi kënnen d'Mënschen, Déieren an Ëmwelt virum Plastik geschützt ginn? Zu Genf kommen haut um Dënschdeg Vertrieder:innen aus 180 Länner ënner der Leedung vun der UNO zesummen.

reading time

1 min

UNO | © picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki
UNO (Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki)

An den nächsten 10 Deeg probéiere si sech iwwer deen éischte globalen Traité géint d'Plastikpollutioun eens ze ginn. Dee juristesch verbindlechen Text ass zanter dräi Joer an der Diskussioun. Bei der leschter Verhandlungsronn am Hierscht zejoert a Südkorea, hat e Grupp vu Länner, déi Pëtrol produzéieren, een Accord blockéiert. Ee vun den Haaptsträitpunkten ass d'Fro, ob d'Produktioun vu Plastik soll limitéiert ginn.