Radioen

On air

Moiesstudio  |  Spuenien: Lëtzebuerger hëlleft no de schroen Iwwerschwemmungen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ UNO-Kommitee fir Kannerrechter fuerdert Lëtzebuerg op eng Réckféierung ze annuléieren

WÉINST MÉIGLECHEM KANNERRECHTSVERSTOUSS

UNO-Kommitee fir Kannerrechter fuerdert Lëtzebuerg op eng Réckféierung ze annuléieren

Den UNO-Kommitee fir Kannerrechter hätt d'Lëtzebuerger Regierung dozou opgefuerdert, d'Réckféierung vun enger syrescher Flüchtlingsfamill a Griichenland ze annuléieren, bis datt Kloerheet zu den Ëmstänn geschafen ass. Et géing ee Verdacht op Kannerrechtsverstouss am Raum stoen.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

UNO | © picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki

Et geet ëm eng syresch Famill, mat haut sechs Kanner, déi a Griichenland de Flüchtlingsstatut kritt hätt. Si wier dunn awer op Lëtzebuerg komm, well d'Liewensëmstänn a Griichenland prekär wieren an d'Behandlung vun hirem kriibskranke Kand net adequat wier. Zu Lëtzebuerg wier hir Asyl-Demande awer net ugeholl ginn, an d'Famill hätt och viru Geriicht gesot kritt, si misst a Griichenland zeréckgoen.

Staat muss sech net un d'Fuerderung halen

Fir d'Marion Dubois vun der ASBL Passerelle ass nieft de Liewensëmstänn a Griichenland och ze hannerfroen, ob de lëtzebuergesche Staat d'Kannerrechter wärend der juristescher Prozedur respektéiert huet. Ee mannerjäregt Kand vun der Famill hat nämlech gefrot fir zu senger Zäit a Syrien a Griichenland gehéiert ze ginn. Dorop hätt de Staat awer guer net reagéiert.

Un d'Opfuederung vum UNO-Kommitee fir Kannerrechter muss sech de Lëtzebuerger Staat net halen. Bei Passerelle geet een awer dervunner aus, datt Lëtzebuerg, wéi an der Vergaangenheet och schonn, d'Rechter vun de Flüchtlinge respektéiere wäert.

Lauschterenplay_arrow