Déi international Communautéit hätt et net fäerdeg bruecht, d‘Äerderwiermung op 1,5 Grad ze limitéieren. Dat wier eng moralesch Faillitte.
De brasilianesche President Lula da Silva huet en Appell gemaach fir d‘Ziler vum Paräisser Klima-Accord net opzeginn. D‘COP30 géif d‘COP vun der Wourecht ginn, et wier fir d‘éischte Kéier, dass d‘Weltklimakonferenz am Amazonas ass – an et géif kee bessert Symbol dofir gi wéi de Reebësch.
D‘Mënschheet wier un engem historesch sensibel Punkt ukomm, wou Courage an Zesummenaarbecht gefrot wieren, sot de Prënz William a senger Ried.