Den Interimstrupp vun de Vereenten Natiounen am Libanon ass zënter 1978 un der Grenz tëschent Israel a Libanon am Asaz. Israel an d’USA wiere Berichter no géint eng Verlängerung. Washington huet sech bis elo net offiziell zur Fro geäussert, huet awer am Sécherheetsrot e Veetorecht.
D’Resolutioun gesäit vir, datt d‘Mandat bis Enn August 2026 weider leeft, mat der Perspektiv, datt de libanesesche Staat d’Sécherheet am Süde vum Land eleng garantéiert.