arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ UN warnt virun enger militärescher Eskalatioun am Sudan

Miliz RSF un der Muecht

|
headphones

1 min

UN warnt virun enger militärescher Eskalatioun am Sudan

D‘Vereenten Natioune warne virun enger weiderer militärescher Eskalatioun am Sudan. Dat nodeems déi lescht Groussstad an der Regioun Darfur, déi vun der sudaneesescher Regierung kontrolléiert gouf, elo ënner der Kontroll vun der Miliz RSF ass.

headphones

1 min

© UN Photo
(Foto: UN Photo)

Den UN-Generalsekretär António Guterrez huet béid Säiten opgefuerdert, mat Verhandlungen unzefänken.

Déi sudaneesesch Arméi hat gëschter um Méindeg confirméiert, sech aus El Fascher zeréckgezunn ze hunn. An der Stad liewen de Vereenten Natiounen no nach 30.000 Mënschen. Experte fäerten, datt elo schwéier Gewaltdoten, Folter a Verdreiwung dreeën.