arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ UN verurteelen US-Attacken op presuméiert Drogebooter

Mënscherechter

|
headphones

1 min

UN verurteelen US-Attacken op presuméiert Drogebooter

Den UN-Mënscherechtskommissär Volker Türk rifft d’USA dozou op, militäresch Attacken am Pazifik an an der Karibik direkt ze stoppen an eng onofhängeg Enquête ze lancéieren.

headphones

1 min

Den UN-Mënscherechtskommissär Volker Türk | © EPA / SALVATORE DI NOLFI
Den UN-Mënscherechtskommissär Volker Türk (Foto: EPA / SALVATORE DI NOLFI)

Zënter e puer Wochen hëlt d’US-Arméi am Kampf géint den Drogeschmuggel ëmmer erëm Booter am Pazifik an an der Karibik an d’Viséier. Elo kënnt dowéinst schaarf Kritik vun der UNO: D’Attacke vun den USA géife géint dat humanitäert Vëlkerrecht verstoussen a si wieren "inakzeptabel", esou de Mënscherechtskommissär Volker Türk zu Genf.

UN-Mënscherechtskommissär fuerdert onofhängeg Enquête

Hien huet d’USA opgefuerdert, dës Attacken direkt ze stoppen an all néideg Schrëtt ze huelen, fir Doudesfäll op de Booter ze verhënneren – onofhängeg dovun, wéi schwéier d’Virwërf géint d’Leit u Bord sinn.

Dem UN-Mënscherechtsbüro no dierft den Asaz vu liewensgeféierlecher Gewalt nëmmen dat lescht Mëttel sinn, a just dann, wann eng akut Gefor fir d'Liewe besteet.

D’UNO zitéiert Rapporten, deenen no zënter dem Ufank vun der US-Operatioun méi wéi 60 Mënsche bei de militäreschen Attacke gestuerwe wieren.

De Volker Türk verlaangt eng "onofhängeg, transparent a séier" Enquête.