Radioen

On air

Kannerradionuecht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ UN fuerdert onofhängeg Enquête zu de Massegriewer an der Gazasträif  

No Ugrëff op Klinicken

UN fuerdert onofhängeg Enquête zu de Massegriewer an der Gazasträif  

Déi israeelesch Arméi dementéiert Virwërf, si hätt bei hirer Attack op eng Klinik an der Gazasträif Honnerte Palästinenser a Massegriewer nieft der Klinik begruewen. Den UNO-Kommissär fuerdert awer elo eng Enquête.

auto_stories

1 min

Gaza | © picture alliance/dpa | Omar Ishaq
Foto: picture alliance/dpa | Omar Ishaq

Israeelesch Zaldoten hätten an der Nasser Klinik zu Chan Younis wärend engem Militärasaz Läichen ënnersicht, déi virdru vu Palästinenser begruewe gi waren, sou den israeelesch Militär.

Si hätten déi Läichen ënnersicht fir erauszefannen, op et sech ëm Geisele vun der Hamas handelt, sou nach d‘Arméi. Si dementéiert awer formell, datt si bei hire Militäraktiounen an zwou Klinicke Palästinenser ëmbruecht an a Massegriewer begruewen hätt.

Mataarbechter vun der Protection Civile an der Gazasträif, déi vun der Hamas kontrolléiert gëtt, soen, si hätten an de leschten Deeg 340 Läiche bei der Nasser Klinik entdeckt. Den UNO Kommissär fir Mënscherechter Volker Türk huet sech schockéiert iwwert déi Berichter gewisen an eng onofhängeg Enquête gefuerdert.