Op där Lëscht stinn elo 158 Entreprisen, dorënner nach ëmmer Booking.com, Motorola Solutions an Trip Advisor. Mat dobäi ass awer och d‘Firma Altice mat Sëtz zu Lëtzebuerg.
Géintiwwer der Versioun vun 2023 koumen 68 nei Entreprisen dobäi, siwen anerer goufen erausgeholl.
Den UNO-Kommissär fir Mënscherechter huet ënnerstrach, datt de Rapport géif d’Verantwortung vu Firmen a Konfliktgebidder ervirhiewen. Si missten oppassen, datt hir Aktivitéiten net zu Mënscherechtsverletzunge bäidroen.
Déi meescht Entreprisen op der Lëscht hunn hire Sëtz an Israel, mee och zu Lëtzebuerg, a Kanada, China, Frankräich, Däitschland, Holland, Portugal, Spuenien, Groussbritannien an an den USA.
Déi éischte Kéier gouf esou eng Lëscht 2020 publizéiert, als Ëmsetzung vun enger Resolutioun vum UNO-Mënscherechtsrot. Israel an d’USA haten d’Publikatioun deemools schaarf verurteelt.