Vun de NATO-Member-Länner huet besonnesch Polen sech besuergt gewisen. Dat nodeems dës Woch méi wéi Dose russesch Dronen an de polnesche Loftraum geflunn, an e puer dovun ofgeschoss gi waren.
Russesch Ambassadeure convoquéiert
Wéinst deem Tëschefall hu Frankräich an Däitschland déi jeeweileg russesch Ambassadeuren zu Paräis a Berlin convoquéiert. De franséischen Ausseminister Jean-Noël Barrot sot op Franceinfo, Frankräich géif dräi Kampfjette vum Typ Rafale un d‘Nato-Ostflank schécken, fir de polnesche Loftraum ze schützen.
UN-Drénglechkeetssëtzung
Um 9 Auer Freidegowend eiser Zäit ass beim UNO-Weltsécherheetsrot zu New York eng Drénglechkeetssëtzung iwwert d‘Andrénge vu russeschen Dronen an de polnesche Loftraum.
Iwwerdeems sot de Kreml, datt d‘Verhandlungen tëschent Russland an der Ukrain fir de Krich op en Enn ze bréngen den Ament an enger Paus wieren.
Et géif den Ament keen Datum fir weider Gespréicher tëschent béide Säiten.