arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ UN-Sécherheetsrot befaasst sech mat israeeleschen Eruewerungspläng

Noen Osten

|
headphones

1 min

UN-Sécherheetsrot befaasst sech mat israeeleschen Eruewerungspläng

Den UN-Sécherheetsrot kënnt haut um Sonndeg zu New York beieneen a befaasst sech mat de kritiséierten israeelesche Pläng fir Gaza-City ze erueweren. Nodeems déi bekannt goufen, huet den UNO-Generalsekretär António Guterrres sech zu déifst alarméiert gewisen.

headphones

1 min

© UN Photo
(Foto: UN Photo)

An Israel selwer, zu Tel Aviv, ware gëschter um Samschdeg erëm zegdausenden Manifestanten op der Strooss an hu fir d‘Enn vum Krich an der Gazasträif manifestéiert.