Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Tyler, the Creator - Chromakopia: Den Hellege vun alle Faarwen

Albumrezensioun

Tyler, the Creator - Chromakopia: Den Hellege vun alle Faarwen

All Plack vum Tyler, the Creator ass iergendwou een thematescht Wonnerhorn vu kreativer Selbstreflexioun - Eng bestänneg Mythologiséierung vu senger Liewenserfarung. 

auto_stories

7 min

headphones

11 min

play_arrow
Albumcover Chromakopia (Foto: Tyler, the Creator)

Et goung ëm jugendlech Rebellioun op sengem éischte richtegen Album, "Goblin", mat engem fiktionale Psycholog als Gespréichspartner. Op "Cherry Bomb" huet hie seng Flilleke gespaant, mat Positivitéit bis ënnert de Kënn. Eng éischt Oppenheet zum analyséiere vu sexuelle Gefiller huet sech fir de selwer ernannte Spéitzünder op "Flower Boy" gewisen, an eng Bezéiung mat engem Mann, deen eng Frëndin hat, war op "Igor" den Objet vun déiwem Gruewen. Éischt Gespréicher mat der Mamm dauchen op "Call Me If You Get Lost" op, an elo geet de Wee wierklech zeréck heem un d’Wuerzelen, um afrikanesch inspiréierte "Chromakopia".

Seng Musek als Rap ze bezeechnen, wier een hannerhältegt Kompliment, sot hien eemol, a bei deene ville Genren an Elementer, déi an d’Produktioun vu senge Placken erafléissen, wëll een him zoustëmmen. Vu Reklammen-Dudelmusek iwwer Roots Elementer bis hin zu Chouergesäng: Seng Produktiounen eklektesch ze nenne wier een Understatement. Onzieleg Kollaboratiounen, besonnesch mat anere Rapper a Sänger, vervollstännegen d’Bild.

An da kënnt nach ee wichtegt Performance-Element dobäi: Op de Biller, an de Videoen a live op der Bün, verwandelt sech den Tyler an déi verschiddenst Personnagen, all Versioune vun sech selwer, déi eng Facette vu sengem momentanen Universum duerstellen. Aus all dëse Grënn ass d’Sortie vun enger vu senge Placken, an Zäite vun Dausende Museksortien all Dag, een Evenement wéi d’Sortie vun engem neie Vinyl viru 50 Joer, deen zu onendleche Schnitzeljuegten an Online-Diskussiounen ureegt.

Een neie Personnage a seng Mask

Den Tyler kreéiert fir seng Plack dacks Personnagen. D’Figur vu senger neier Plack Chromakopia, de St. Chroma, ass Faninterpretatiounen no un engem Kannerbuch inspiréiert, dat den Tyler villäicht fréier an der Kummer leien hat, an den Titel "The Phantom Tollbooth" dréit. Am Buch ass de St. Chroma een Dirigent, deem säin Orchester d’Welt faarweg mécht. Am Video gëtt dann och op Knappdrock d’Bild vu schwaarz-wäiss op faarweg gewiesselt.

De St. Chroma, deen hie selwer verkierpert, huet den Tyler fir seng nei Plack awer nei erfonnt, als maskéiert Versioun vu sech selwer mat enger traditionell afrikanescher Amasunzu Frisur, wéi se fréier am Ruanda gedroe gouf. Änlech wéi de Kontrast vu männlechem Flat-Top a blonder Paréck an de Videoen aus der Igor-Era, dierf engem hei keen Detail entgoen, wann een an déi mannegfalteg Bedeitungsschichte vun der Plack well andréngen. Et gëtt een esou séier net fäerdeg, a genee dat mécht et spannend a faszinéierend, eng nei Tyler-Plack z’entdecken.

Mother Africa

Den Opener St. Chroma stellt den neie Personnage vir, an erzielt vun der Dankbarkeet, déi ënnert der Hybris vum Kënschtler muss leien, fir datt hien d’Luucht an d’Feier bannendra weider fille kann. Dat ass an dësem Fall Dankbarkeet un d’Wuerzelen, a besonnesch un d’Mamm, déi hien am Musek maachen ëmmer ënnerstëtzt huet. An et ass senger Mamm hir Stëmm, déi d’Plack ufänkt mat encouragéierende Wierder, dat kreatiivt Feier ni fir iergendeen ausgoen ze loossen. Eng Stëmm déi ëmmer erëmkënnt op dëser Plack, an där hir Presenz d’Absence vum Papp ëmsou méi grouss erschéngen deet.

"Chromakopia" interpretéiert ee wuel am einfachsten als eng Villfalt vu Faarwen, an eng Reconnectioun, eventuell, mat senger eegener Faarwegkeet, och am identitäre Sënn. Musikalesch ass den Track eng Mëschung aus afrikaneschen Trommelen, geflüstertem Rap, a schéine Chéier vum Daniel Caesar, deen 2018 mat senger Coming-of-Age-Plack Freudian fir e Grammy nominéiert war. Och Samples vun enger Wann am leschte Véierel dann endlech de Verse ufänkt, gesäit een sech un A Tribe Called Quest an Arrested Development erënnert.

Rah Tah Tah geet mat däischterem Clubbeat ëm dem Tyler seng Sënnen a Vulnerabilitéiten, a weist den als zyneschen Ënnerbauch vu senger Hybris – deen Deel vun him, dee gäre vergësst, wien hien ass. Och dëse Fuedem zitt sech duerch de faarwegen Teppech wéi eng Uber-Route, där een ongedëlleg nokucke well.

Brauch een eng Identitéit?

Der Singleauskopplung "Noid" hiren Text steet wuel fir paranoid, an den Text leet dat och no. D’Angscht vun der Celebrity, datt ee seng Hausmauer kéint eropklammen, ass am Song wéi de Chroma selwer mat Mask bedeckt, a Form vu bretzege Rockstar-Powercords ennerluecht, ass duerchséit mat réien ur-afrikanesche Gesäng a schnuckeleg-komfortabeler R&B Musek, déi iwwerflächlech a verféieresch doteschtpläteschert. Déi vill Facetten, déi ee Gefill dach kann hunn. No-ID kéint een Noid iwwregens och liesen. Wou bleift an där ganzer Kakophonie iwwerhaapt de richtegen Tyler? Och hei läit eng Paranoia, eng Angscht, sech selwer verluer ze hunn.

Op jidder Fall kann en net emol a Rou iessen, egal wéi ee Menü um Dësch steet. D’Verbindung aus deene verschiddene musikaleschen Elementer, sou verschidden se och klengen, ass besonnesch konschtvoll gemaach an dësem Track, genee wéi d’Entspriechungen tëscht Text a Musek. Am rouege Mëtteldeel, an deem d’Mamm nach eemol zum Oppassen oprifft, erënnert eng Jazz Trompett nach eemol op déi verwëschte schwaarz Identitéit(en) hin, op d’Mask. Een absolutten Héichpunkt.

Féiere mir d’Rees vun hei emol thematesch weider. Den Deplacement vun der eegener Identitéit kritt eng wieder familial Tournure op "Like Him", op deem den Tyler iwwer säi Papp nodenkt – ee Mann deen hien ni kannt huet, an deem hie scheinbar immens gläicht. Iwwerhaapt ass een thematesche Fuedem op "Chromakopia" besonnesch interessant: d’Fro vum Papp-Sinn, déi hie sech selwer ëmmer erëm selwer stellt. Nieft der kaum existéierender Relatioun mam eegene Papp läit do nämlech een een Hindernis a sengen eegene Relatiounen, deen iwwer just seng Homosexualitéit erausgeet. An och d’Fro: Wat ass ee gudde Papp?

Papp sinn oder net sinn?

Op "Darling, I" zum Beispill, iwwerdroen sech d’Paranoia an d’Onsécherheet op dem Auteur säi Libesliewen. "I keep fallin in Love" – Konsistenz an d’Versprieche vun Éiwegkeete sinn hei eemol net d’Theema vun den zockerséisse Melodien, mee d’Erkenntnis, datt fir ëmmer einfach ze laang ass, an dat ganzt e Leidenswee, besonnesch fir d’Fraen an d’Mammen. Musikalesch ass dëst trotz Flütte wéi a 70’s Musek a militäreschen Trommelwirbel een e bësse méi schwaache Song. An dat gëllt och fir dat e bësse platt sexuellt "Judge Judy", dat d’Bedeitungslosegkeet vun engem One-Night Stand villäicht onglécklech akkurat afänkt.

Op "Hey Jane" gouf et wuel Angscht ëm eng méiglech Schwangerschaft, wat eis dann erëm bei d’Papp-Ginn bréngt. Och "Tomorrow" an "I Hope You Find Your Way Home" stellen d’Fro ob et ee richtege Moment gëtt fir Kanner ze kréien, a wat genee e gudde Papp géing ausmaachen.

Kontrastéiert ginn esou Iwwerleeunge mat Tracks wéi “Sticky”, dat jugendlech Rap-Magie iwwer alles Anescht stellen, hei mat beatlosem Stroossegesang am Ufank a breedem Afro-Beat an Trompetten um Schluss. De Lil Wayne, Sexyy Red a GloRilla, rappe mam Tyler iwwert d’Noutwennegkeet, sech selwer trei ze bleiwen, sech ze wiere géint jiddereen deen un hinnen zweiwelt, hiren Erfolleg an hier Individualitéit héichzehalen. Besser mir fannen e Mopp, et gëtt pecheg, ass e spilleresche Wee ze soen datt d'Kand wuel am Dreck läit, mee d’Akzeptanz ass schonn d‘Hallschent gewonnen. D’R&B Chéier an déi kitscheg Piano-Rolls sinn hei éierlech gesot top-notch.

Pecheg Wourechten

"Take Your Mask Off" erzielt vum Middle-Class-Deel vum Tyler Okonma, an eng bäissend Kritik u Leit, déi scheinbar ëmmer een anere fannen, fir hiert eegent Scheiteren z’erklären a viru sech selwer ze verstoppen. Mee och an esou engem erkennt sech den Tyler als etabléierte Star erëm, an och hei kënnt d’Fro vum Nowuess als Gespenst vun engem Anere bei hien zeréck.

Am Allgemenge kann ee "Chromakopia" als eng Sich no Maturitéit deiten an enger Zäit vum Liewen, wou sech een nach intakte jugendleche Liichtsënn, vun der Kreativitéit verlaangt, mat den Erwaardunge vun der Gesellschaft a vum Nolooss reift. Zitat Tyler, elo 33 Joer al: "Ech sinn net méi deen Typ, deen ech war, wou ech der 20 hat. D’Leit ronderëm mech kréie Kanner an alles wat ech hunn ass en neie Ferrari. An dat fillt sech komesch un. Ech gi méi deck, ech hu gro Hoer op der Broscht, d’Liewe lieft."

Den Instrumentarium spigelt de chaoteschen Usaz vun imbriquéierte Sujeten an engem Pandora-aartegen Titel gutt erëm. Päife, Flütten, Trompette vum Karneval, Backing Vocals wéi Gospelchéier, anerer wéi Schoulpausegesäng. Et ass eppes lass op "Chromakopia", an an deem Sënn kann d’Plack beim Lauschteren iwwerfuerderen. Och d’Stäerkt vum Tyler senger Perséinlechkeet kann deen Effekt op een hunn, wieren do net déi Momenter vu Reflectioun, déi een zum Nodenke bréngen. An och, tëscht deem ganzen Dissen a sech selwer dach e bëssen Opblosen - wéi Rap nun eemol ass - héiert een ëmmer méi oft d’Zougi vum Net-Wëssen, d’Leie-Loosse vun der Hiphop-Auteur-Persona, zugonschte vun engem Oprafen an Zesummepeche vu Stécker, déi wuel iergendwou ofgebrach sinn, an engem Liewen hannert der Mask.

Eng faarweg an authentesch Plack, déi hirem Hype gerecht gëtt. Och wann net all Track immens ass, sinn se zesumme staark.

Lauschterenplay_arrow