arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Turbulent politescht Joer a Portugal geet op en Enn

Réckbléck

|
headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Turbulent politescht Joer a Portugal geet op en Enn

A Portugal gouf d’Politik dëst Joer markéiert duerch d’Demissioun vum Premier Luís Montenegro am Fréijoer. Dee Moment war säi Vertrauensvott am Parlament zu Lissabon op Grond vum Verdacht op en Interessekonflikt negativ ausgaangen.

headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / NurPhoto | Nuno Cruz
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Nuno Cruz)

Well seng Partei bei den Neiwalen awer déi meescht Stëmme krut, ass de Luís Montenegro säin eegene Successeur ginn, wann och ouni Majoritéit.

Hie muss sech mat den extrem Rietsen arrangéieren, fir ëmstridde Gesetzer duerch d’Parlament ze kréien. D’Vir-Enquête géint de Luís Montenegro gouf iwwerdeems ouni Suitë klasséiert.

Eng Korrespondenz vun der Marie-Line Darcy

 

play_arrow Lauschteren