Radioen

On air

Notturno  |  Astronauts, Etc. - The Border

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Tuerm vun der Kathedral zu Rouen stoung a Flamen

Frankräich

Tuerm vun der Kathedral zu Rouen stoung a Flamen

Schreckmoment de Mëtteg zu Rouen an der Normandie: Den Tuerm vun der historescher Kathedral huet gebrannt. An Zwëschenzäit ass d‘Feier geläscht.

auto_stories

1 min

Foto: @David_vanH / X

D‘Flamen, déi an 120 Meter Héicht ausgebrach waren, wieren erstéckt ginn, heescht et. Aarbechter, déi un der Kathedral geschafft hunn, haten d‘Feier entdeckt an d‘Pompjeeë geruff. D‘Ursaach vum Feier ass den Ament nach net gewosst. 

Déi historesch Kathedral ass evakuéiert ginn. Et wier kengem Mënsch eppes passéiert.