arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Trump wëllt Nationalgard op Chicago schécken - Asaz zu L.A. wuel illegal 

USA

|
headphones

1 min

Trump wëllt Nationalgard op Chicago schécken - Asaz zu L.A. wuel illegal 

Den Donald Trump hält u sengem Plang fest, fir Zaldote vun der Nationalgard an d'Stad Chicago ze schécke fir d‘Kriminalitéit do ze bekämpfen. "Mir ginn dohinner", sot den amerikanesche President gëschter um Dënschdeg viru Journalisten. Wéini Zaldoten op Chicago géife geschéckt ginn, sot hien net.

headphones

1 min

© EPA/WILL OLIVER
(Foto: EPA/WILL OLIVER)

Op Uerder vum Donald Trump goufe bis elo schonn Dausenden Zaldote vun der Nationalgard op Washington a Los Angeles geschéckt

Zu Los Angeles war den Asaz vun der Nationalgard awer illegal. Dat huet e Riichter a Kalifornie geurteelt.

Eng 4.000 Zaldote waren op Uerder vum President op Los Angeles geschéckt ginn, fir d'Protester ze berouegen, déi ausgebrach si wéinst de Razziae vun der Immigratiounsagence ICE géint Migranten.

De Staat Kalifornien hat dogéint geklot. De Riichter huet festgehal, datt d'Zaldote vun der Nationalgard Tâchen erfëllt hunn, déi fir Member vum Militär verbuede sinn. Seng Decisioun trëtt eréischt d'nächst Woch a Kraaft. D'Regierung huet bis dohin Zäit fir en eventuellen Appell.