arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Trump kritiséiert Unerkennung vu Palästina

New York

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Trump kritiséiert Unerkennung vu Palästina

D'UNO-Generalversammlung ass zu New York amgaangen. Do huet den US-President Donald Trump déi Länner kritiséiert, déi virum Optakt vun der Debatt de palästinensesche Staat offiziell unerkannt hunn. Zu deene Länner gehéiert bekanntlech och Lëtzebuerg.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Den US-President op der Rolltrap vum UN-Headquarter zu New York, déi e puer Stonne virdrun nach eng Pann hat | © picture alliance / Giada Papini Rampelotto/EuropaNe | Giada Papini Rampelotto/EuropaNewswire
Den US-President op der Rolltrap vum UN-Headquarter zu New York, déi e puer Stonne virdrun nach eng Pann hat (Foto: picture alliance / Giada Papini Rampelotto/EuropaNe | Giada Papini Rampelotto/EuropaNewswire)

Den Trump huet den israeelesche Point de Vue widderholl dee seet, datt d'Unerkennung vu Palästina e Cadeau, eng Belounung fir d'Terrororganisatioun Hamas ass.

Zweestaateléisung wier Belounung fir d'Hamas

Et hätt méi schlëmm kënne kommen. Déi Länner, déi de palästinensesche Staat e Méindeg unerkannt hunn, goufen net direkt vum Donald Trump genannt.

“En Deel vun dëser Organisatioun wëllt unilateral e palästinensesche Staat unerkennen. D’Belounung fir d’Hamas an hir Dote wéi de 7. Oktober wier ze grouss, besonnesch an engem Moment, wou si refuséieren d’Geiselen ze befreien an eng Wafferou net akzeptéieren. Déi, déi Fridde wëllen, sollen zesummen deen nämmlechte Message hunn: Befreit d’Geiselen elo direkt.”

Dat war mat deen eenzegen Applaus, deen den amerikanesche President am Sall vun der UNO krut.

Säin Discours war en Hommage u sech selwer a fir seng “America First”-Politik. Aner Länner sollen et och esou maachen, da kéinten och si hir Problemer mat der illegaler Immigratioun stoppen.

E futtisse Prompter an eng defekt Rolltrap  

Den Trump wéilt eng Wafferou an der Gazasträif an e Fridden an der Ukrain, mee huet vill Zäit domat verbruecht d’UNO unzegräifen, fir divers Grënn.

“Dat eenzegt, wat ech vun der UNO krut, war eng Rolltrap, déi an der Mëtt stoe bliwwen ass. Wann d’First Lady net an Top-Form wier, da wier si gefall. Mee si ass a gudder Form, mir sinn allen zwee a gudder Form. Mir stoungen einfach do. An dann e Prompter, deen net fonctionéiert huet. Dat sinn déi eenzeg Saachen, déi ech vun der UNO krut, eng schlecht Rolltrap an e schlechte Prompter. Villmools Merci.”

Dat schéngt trivial, mee den Donald Trump huet d’UNO net gär, eng Institutioun, déi un den amerikanesche Budgetskierzunge leit. Och am Sall war de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden. Hien hält de Freideg seng éischt Ried bei enger UNO-Generalversammlung.

Philip Crowther vun New York

play_arrow Lauschteren