arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Trump empfänkt Netanjahu a stellt Friddensplang vir

Noen Osten

|
headphones

2 min

Trump empfänkt Netanjahu a stellt Friddensplang vir

Den US-President Donald Trump an den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu wëllen haut, um Méindeg, zu Washington iwwert Méiglechkeete schwätze fir de Krich an der Gazasträif op en Enn ze bréngen. Virum geplangten Treffen am Wäissen Haus huet den Trump sech optimistesch ginn.

headphones

2 min

Den Donald Trump an de Benjamin Netanjahu op enger Pressekonferenz am Wäissen Haus am Februar 2025 | © picture alliance / Ron Sachs/Consolidated/dpa | Ron Sachs
Den Donald Trump an de Benjamin Netanjahu op enger Pressekonferenz am Wäissen Haus am Februar 2025 (Foto: picture alliance / Ron Sachs/Consolidated/dpa | Ron Sachs)

D‘Grondlag vun de Gespréicher ass e Plang fir den Noen Oste vun 21 Punkten, deen d‘Wäisst Haus virgeluecht huet. De Plang gesäit eng direkt Fräiloossung vun de Geisele vir, dat am Austausch zu Honnerte palästinensesche Gefaangenen.

Iwwerdeems soll déi israeelesch Arméi sech aus der Gazasträif zeréckzéien. D’Hamas soll bei der Verwaltung vun der Gazasträif keng Roll méi spillen an och Israel dierft d’Gebitt net annektéieren. D’Gazasträif soll vun enger Iwwergangsregierung vu palästinenseschen Technokraten ënner Opsiicht vun engem internationale Gremium regéiert ginn. 

D‘Treffen tëschent dem Donald Trump an dem Benjamin Netanjahu soll géint 5 Auer um Méindeg eiser Zäit sinn.

Am Viraus hate sech Famillje vun de Geiselen an engem Bréif un den US-President geriicht an no Hëllef gefrot.

Den däitschen Ausseminister Johann Wadephul (CDU) huet dem US-President Donald Trump Merci gesot fir säin “Friddensplang fir den noen Osten”. Hien huet iwwerdeems Israel an d’Hamas opgefuerdert dem Plang zouzestëmmen. Elo wier eng Léisung “zum Greifen nah”.

An och dat vun Israel besetzt Westjordanland wäert beim Treffen um Ordre du jour stoen. Den Donald Trump huet erkläert, datt hien net géif zouloossen, datt Israel d’Westjordanland annektéiert.

Den Drock vu rietsextreme Ministeren an der israeelescher Regierung ass grouss. Ee vun hinnen, de Bezalel Smotrich, huet gefuerdert, datt déi israeelesch Arméi am Fall vun engem Waffestëllstand “komplett Handlungsfräiheet” an der Gazasträif kritt.

Déi franséisch Presseagence huet op Grond vun offiziellen Donnéeën e Bilan opgestallt, dee beseet, datt et op israeelescher Säit bis ewell 1.219 Doudesaffer gi sinn. D’Vergeltungsoffensiv vun Israel par conter huet 66.055 Doudesaffer gefuerdert. Dat ergeet aus Zuele vum Gesondheetsministère vun der Hamas-Regierung, déi awer vun der UNO als zouverlässeg agestuuft goufen.