arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Trump behaapt, Gewalt am Iran wier gestoppt - Kënnt et trotzdeem zu US-Interventioun?

Iran

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Trump behaapt, Gewalt am Iran wier gestoppt - Kënnt et trotzdeem zu US-Interventioun?

An de Manifestatioune géint de Regimm, an der brutaler Reaktioun vun de Sécherheetsdéngschter sinn elo, Aktivisten no, iwwer 2.500 Leit gestuerwen. Den US-President Donald Trump hat eng Reaktioun a méiglecherweis och eng militäresch Interventioun am Iran annoncéiert.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Protester am Iran | © EPA/NEIL HALL
Protester am Iran (Foto: EPA/NEIL HALL)

Eng ganz schaarf Reaktioun hat den Donald Trump annoncéiert, am Fall wou et sollt zu Hiriichtunge vun Demonstranten am Iran kommen.

Iwwer 18.000 Leit sinn, Aktivisten no, festgeholl ginn. An déi iranesch Justiz sot, d’Autoritéite wéilte ganz séier déi éischt Leit zur Doudesstrof verurteelen. Mee elo seet den US-Presidenten, datt d’Hiriichtungen an d’Gewalt géint Demonstrante gestoppt gi wieren. Wéi et dozou koum, an ob et iwwerhaapt wouer ass, wollt hien net soen.

Grouss Enttäuschung bei den Demonstranten an Demonstrantinnen

Dat war nach een Dag méi fréi eng Limitt fir hie gewiescht. Eng aner rout Linn gouf scho virun enger Woch iwwerschratt, wou de Regimm ugefaangen huet brutal géint Demonstranten am ganze Land virzegoen.

Och dat sollt zu enger amerikanescher Interventioun féieren. Mee déi ass och bis elo ausbliwwen.

Déi Ongewëssheet enttäuscht bei den Demonstranten. Si wëllen en Enn vum Regimm, an Hëllef aus dem Ausland, menge si, kéint entscheedend sinn.

Brutaalst Repressioun zënter 1979

An de Joerzéngten zënter der Revolutioun 1979 ass et déi brutaalst Repressioun vun der islamistescher Regierung.

D’Onsécherheet an der Regioun spiert een. De Loftraum iwwer dem Iran gouf lescht Nuecht stonnelaang gespaart. An op der gréisster amerikanescher Militärbasis am Noen Oste koum et deelweis zu enger Evakuatioun.

Trump wäert selwer entscheeden

En amerikaneschen Ugrëff op den Iran huet méiglech geschéngt a kéint och nach ëmmer kommen. An op eng iranescher Reaktioun huet ee sech och preparéiert.

Am Endeffekt wäert et den Donald Trump sinn deen entscheet, wéi d’USA reagéieren an ob hie senge Warnunge vun enger schaarfer amerikanescher Reaktioun gerecht bleift. Bis elo ass et bei sengen Drounge bliwwen.

Philip Crowtherfir de Radio 100,7, vun Dubai

play_arrow Lauschteren