arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Trump ass ënnerwee a Japan

Tour duerch Asien

|
headphones

1 min

Trump ass ënnerwee a Japan

Den US-President Donald Trump fiert haut vu Kuala Lumpur a Japan. Op sengem Tour duerch Asie war d’Haaptstad vu Malaysien seng éischt Etapp. A Japan steet eng Visitt mat der neier Premierministesch Sanae Takaichi um Programm.

headphones

1 min

Den Donald Trump an de Premierminister vu Kambodja Hun Manet op engem Sommet vun den südost asiatesche Länner zu Kuala Lumpur | © EPA/MOHD RASFAN / POOL
Den Donald Trump an de Premierminister vu Kambodja Hun Manet op engem Sommet vun den südost asiatesche Länner zu Kuala Lumpur (Foto: EPA/MOHD RASFAN / POOL)

En Donneschdeg soll sech den Donald Trump dann a Süd-Korea mat sengem chineeseschen Homolog Xi Jinping treffen, fir iwwert hiren Handelssträit ze beroden.

China simuléiert Attack op Taiwan

Kuerz virun dësem Treffen tëschent dem Donald Trump an dem Xi Jinping soll China mat engem Militärmanöver eng Attack op den Taiwan simuléiert hunn. Chineesesch Medie berichten iwwer Loftblockaden a Prezisiounschléi.

Den US-Ausseminister Marco Rubio sot um Sonndeg, den Taiwan misst sech iwwer d‘Gespréicher tëschent dem Donald Trump an dem Xi Jinping keng Suerge maachen. D‘USA hätt sech verflicht, d‘Defensecapacitéiten vum Taiwan se sécheren.